top of page

BARTRENGER HUNNEBAND

Häerzlech Wëllkomm
Op der Säit vun der Bartrenger Hunneband!
NEWS
Eis nächst Manifestatiounen:
-
21.02 1. Prouf mat eisem neien Dirigent, den Alexander Daum
-
21.05 Concert op der Porte Ouverte vun der Bartrenger Museksschoul
WE ARE...
... d'Bartrenger Hunneband!
Mir sinn eng dynamesch Grupp vun ongeféier 20 Musekanten, déi sech all Dënschdes Owes trefft, fir zesummen fir eis Concerten ze prouwen. Während der Saison ënnerhuelen mir awer och flott Aktivitéiten wei zum Beispill Bowling spillen oder am Wanter eng gutt Raclette am Chalet hei zu Bartreng z'iessen.
Follow eis op eisen aneren Kanäler:
Hues du Loscht...
... mat aneren Jonken an engem Jugendorchester ze spillen a vill flott Aktivitéiten matzeerliewen? Spills du säit op mannst 4 Joër (premier cycle) e Blos- oder e Percussiounsinstrument?
Da komm bei eis an d'Hunneband, du bass häerzlech wëllkomm! Eis Prouwe sinn Dënschdes vun 19:00 - 19:30 am Museksall am Centre Atert.
Mir freeën ons op dech!
bottom of page